FAQ

Dir hutt Froen?

#askBMWSchmitz

Mir hunn Äntweren!

Ass de Garage Schmitz aktuell op?

Mir sinn och an dëser Zäit weiderhi fir Iech do!

Fir Är Mobilitéit ze garantéieren, bidde mir Iech am Service Après-Vente een Noutdéngscht fir all sécherheetsrelevant Aarbechten.
Déi aktuell Ëffnungszäite si vu Méindeg op Freideg: 08:00-12:00 an 12:30-16:30.  Weekends bleift eise Garage aktuell zou.

All Servicer si wéi gewinnt iwwer Mail erreechbar: info@schmitz.net.bmw.lu oder an urgente Fäll iwwer Telefon: +352 329 111 1.
Fir Är Gesondheet an déi vun eise Mataarbechter a Famillen ze schützen, bleiwt eise Showroom awer weiderhin fir de Public zou.

Leschten Update: 20.04.2020

VENTE NEIWEEN/OCCASIOUNEN

Et ass selbstverständlech och weiderhi méiglech een Auto bei eis ze kafen.

Eise komplette Stock vun direkt disponibele Neiween, Joeresween oder BMW Premium Selection Occasioune fannt Dir op dreamdeals.lu

Wann do fir Iech net dat richtegt dobäi ass, kënnt Dir Iech am Online Konfigurator Ären Dram-BMW zesummestellen an eis duerno Är Konfiguratioun schécken.

Wann Dir scho Kontakt mat engem Vendeur hat, kennt Dir dësen och weider direkt per Mail kontaktéieren.
Hei fannt dir d’Kontakter vun all eise Vendeuren.

Duerch déi aktuell Situatioun ass et méiglech, dass Ären Auto net zu dem geplangten Datum ka geliwwert ginn.

Et ass am beschten, dir kontaktéiert direkt Äre Verkeefer fir all Detailer ze kucken.
Hei fannt dir d’Kontakter vun all eise Vendeuren.

Op internationalem Niveau huet BMW AG decidéiert d’Produktiounswierker an Europa a Südafrika bis den 19ten Abrëll zouzemaachen. Och an den USA wäert d’Wierk 2 Wochen zoubleiwen.

 

Dës Situatioun de force majeure erlaabt eis leider net all Liwwerterminer anzehalen. Konkret musse mir de Liwwer- an Produktiounsdatum vun ärem Neiwon iwwerpreiwen soubal d’Wierker rem ulafen.
Mir ginn awer eis bescht, dass Dir Äre neie BMW esou schnell wéi méiglech kritt.

Jo, wann Dir et guer net erwaarde kënnt, fir mat Ärem neie BMW ze fueren, da kënne mir Iech Ären Auto och an der aktueller Situatioun ausliwweren.

 

Wéinst den héiche Sécherheetsmesuren den Ament, leeft dës Ausliwwerung  awer leider net no eise gewinnte Qualitéitsstandards of, mä komplett ouni Kontakt.

 

Dir hutt dobäi d'Wiel, fir Ären neien Auto bei eis sichen ze kommen oder mir liwweren e gratis (an engem spezielle Camion) bis bei Är Hausdir.

 

Fir Iech och an dësem Fall all Funktioune vun Ärem neie BMW genee ze erklären, produzéiere mir aktuell eenzel Videoen an schécken Iech dës zou.

Wann Dir nach eng Fro zu Ärem Auto sollt hunn, kënnt Dir eis natirlech zu all Ament kontaktéieren a mir hëllefen Iech gären iwwer Telefon oder Video-Chat weider.

 

Eisen Departement Fleet ass per Mail fir Iech erreechbar a rifft Iech bei Bedarf gären zréck.
Hei fannt Dir d’Kontakter vun eiser Fleet Ekipp.

APRES-VENTE

Jo, mir bidden Iech aktuell een Noutdéngscht fir all sécherheetsrelevant Aarbechten un Ärem Auto.

D’Ëffnungszäite vun eiser Après-Vente sinn aktuell vu Méindeg op Freideg 08:00-12:00 an 12:30-16:30. Weekends bleift de Garage komplett zou.

Fir e RDV ze froen, schéckt einfach eng Mail op service@schmitz.net.bmw.lu 

Bei urgente Froen, si mir awer och iwwer Telefon erreechbar: +352 329 111 1.

Eis Après-Vente ass momentan nëmme fir sécherheetsrelevant Aarbechten op, fir dass Dir kennt mobil bleiwen a sécher ënnerwee sidd. Wann Dir schonn ee Rendezvous hat, da kontaktéiere mir Iech a maache gegebenenfalls een neie Rendezvous mat Iech aus.

Fir weider Froen, kontaktéiert eis weg. direkt iwwer Mail op service@schmitz.net.bmw.lu oder an urgente Fäll iwwer Telefon: +352 329 111 1.

Als sécherheetsrelevant Aarbecht zielt alles, wat een Afloss op d'Sécherheet vun Ärem Auto huet. Dozou zielen zum Beispill: Revisounen, Bremsen, Pneuen,  technesch Reparaturen + Aktiounen an  och Karrosserieaarbechten, déi sécherheetsrelevant Deeler betreffen.

Reng kosmetesch Aarbechten an anerer, déi aktuell net zwéngend noutwendeg sinn, kënnen fir den Ament net realiséiert ginn.

Wann Är Revisioun zäitlech bedéngt néideg ass, da braucht Dir Iech fir den Ament keng Gedanken em Är Garantie ze maachen. BMW huet aktuell all zäitlech Intervaller bis no der Quarantän agefruer.
Wann Dir awer d'Kilometer-Limitt vun Ärer Revisioun erreecht hutt, dann ass d'Revisioun wéi gewinnt fälleg, fir !Ar Garantie net op d'Spill ze setzen.

Jo, och de Wiessel vun Äre Pneuen (z.B. vu Wanter op Summer) gëtt als sécherheetsrelevant Aarbecht ugesinn, well grad bei waarmen Temperaturen de Bremswee mat Wanterpeneuen vill méi laang ass.

 

Mir hunn den Ament natierlech immens vill Ufroe fir Pneuewiessel a kënnen Iech leider mat den aktuelle Sécherheetsmesure net eise gewinnte Service vun eise Pneuendeeg ubidden.
Mir bieden Iech dofir em Äre Versteesdemech, wann et mat Ärem RDV méi laang sollt dauere, wéi gewinnt.

 

De beschte Wee fir ee RDV ass iwwert eng Mail op service@schmitz.net.bmw.lu. Dës Maile ginn der Rei no beaarbecht an Dir kritt esou schnell wéi méiglech ee RDV.

Aktuell gi bei eis am Garage keng Contrôles Techniques gemaach.

Wann Ären Certificat an den nächsten 14 Deeg ofleeft, da fuert Dir um beschten op eng Kontrollstatioun vun der SNCT. Wann Ären Certificat awer nach méi laang gülteg ass, da braucht Dir Iech aktuell keng Gedanken ze maan.

En plus huet eis Regierung entscheet, datt een bis den 01.09.2020 net protokolléiert gëtt, wann een ouni gültegen CT ugehale gëtt.
Dëst Mesure ass ausgeschafft ginn, fir déi vulnerabel Leit aktuell net onnéideg engem Risiko auszesetzen an deene Leit ze hëllefen, déi aktuell net d'Méiglechkeet hunn, fir op eng Kontrollstatioun ze fueren.

All aneren ass awer weiderhi gebieden, fir de CT vu sengem Auto ze erneieren, wann dësen nach max. 14 Deeg gülteg ass.

Nee. d'Liwwerung vun allen Ersatzdeeler gëtt och weiderhi vu BMW assuréiert.